Surveillance- Gedanken zur Mme Reding hirer Ausso iwwert den Ennerscheed tescht der Iwwerwaachung duerch d’NSA an duerch d’EU

11 September 2001. Fir vill Leit as et d’Enn vun der Welt wéi si se kannt hun. Konsequenz, no de weideren Attentater zu London a Madrid: Iwwerwaachung no Salamitaktik. Schikane am Sëcherheetsberäich fir méi Fluchsecherheet, Verbindungsdatenspäicher, CCTV, SWIFT, PDR, bei Verhaftung wéinst Terrorverdacht, keen Accès zu engem Affekot op méi oder manner begrenzt Dauer. Mënscherechter, Privatsphär,… ware mol. Mir hun déi och net ze brauchen, geschweige denn anzefuerderen, well wee si mir eis géint d’Terrorbekämpfung ze stellen? D’Terrorbekämpfung, am Numm vun der Staatssëcherheet as de neie Bien Absolu. 

2013. Sait 12 Joer get alles geschéie geloss. All Beschneidung vun der Privatsphär get higeholl, meeschtens mol net bewosst wouergeholl. Se get higeholl ouni ee Mux, well d’as fir ee mi héien Zweck, an d’huet ee jo naischt ze verstoppen. An iwwerhaapt, wann een dogéint as as ee selwer bestemmt ee Kriminellen, oder een Terrorist. 

An d’get weider higeholl, och wann ee Vorratsdatenspäicher deen explicit am Kader vun der Terrorbekämpfung agefouert gouf, benotzt get fir ee groussen Pädophiliesting duerchzezéihen. Rem, kee Mux… well schliesslech as Pädophilie schlemm a schrecklech, an sou Leit verdéngen et net eng Privatsphär ze hun an déi anzefuerderen. Peu importe, datt d’Mettelen di fir sou eng Operatioun genotzt goufen di falsch waren. Den Zweck war jo ee mi héien. Fruit of the Poisonous Tree doctrine? Ween interesséiert daat schon. Mee wann ee Polizist engem Verdächtegen Folter och nemmen undréit, kennt e firu Geriicht, an d’Ausso, als Beweismaterial däerf net benotzt gin. (Cf. den ominéisten Gäfgen Fall).

Haut hu mer d’NSA, de PRISM, de SREL… Geheimdéngschter déi maache waat se eben maan, iwwerwaachen, mee pauschal oder ouni Grondlaag. 

Et as net vill aanescht wi soss ennert den Anti-terrorgesetzer och. D’Madame Reding mengt deem wier net sou? Vlaicht wann een d’Ongléck huet tatsächlech firu Geriicht ze landen opgrond vun Informatiounen di sou ee PRISM Programm ausgegruewen huet. Dann, natierlech, oder zumindest hoffentlech, get et en Ennerscheed je no deem op d’Informatioun legal oder illegal gewonne gouf. Mee fir d’allgemeng Bevölkerung bleiwt alles beim aalen. Privatsphär kennen se knécken. 

An opwuel et am Resultat ganz beim aalen bleiwt, hu mer lo di ganz grouss Entrüstung. Ennert de Politiker as se zwéngend gespillt. NAtierlech, wa vun hierer Ahnungslosegkeet hier Pensioun oofhänkt. Mee et ka kee mir verzielen, datt een, wann ee selwer Gesetzer duerchbréngt, déi d’Privatsphär de facto vidéieren, an domat eng Scholdvermutung opstellen, statt sech un de Rechtsprinzip vun der Onscholdsvermutung opstellen, tatsächlech erstaunt a schockéiert as wann e feststellt datt aanerer do scho mi wäit gaange sin. D’Allgemeng Bevölkerung as natierlech och entsaat, beschtefalls well se di lescht 13 Joer aus politeschem Desinteressen vu naischt eppes matkritt haat, schlemmstefalls, well se et bewosst oder onbewosst mat a Kaaf geholl huet am Numm vun der Terrorbekämpfung hier Privatsphär opzegin. 

Waat mech schockéiert as manner d’Opdeckung vun der Iwwerwaachung duerch den Edward Snowden. Et as villméi d’Tatsaach datt ee lo réischten entsaat as, an net well vill méi fréi d’Aan opgemaach huet. 

Datt lo d’grousst Erwächen kennt, as engersäits gudd, a verhëlleft vlaicht dozou, datt all d’Privatsphärbeschneidend Legislatioun abrogéiert get, oder zumindest emgewandelt get an daat waat se tatsächlech as, eng Krise-Legislatioun déi nemmen op begrenzten Situatiounen an op eng begrenzten Dauer kennen ugewand gin, an net als fest, permanent Gesetzer verankert bleiwen. Vlaicht verhelleft et och dozou, datt d’Geheimdéngschter lo mol genee op d’Fanger gekuckt kréien. 

 

Aanerersäits… Waat seet et iwwert d’Menschheet wann se sech sou laang mat allem brav ooffënnt, an handelt wéi d’Schoof daat dem Metzler d’Messer reecht, an sech op eemol wonnert wann den et och géint et selwer uwend, well et naiv geduecht huet et wier keent vun den Affer?

Advertisements
This entry was posted in Uncategorized and tagged , , , , . Bookmark the permalink.

2 Responses to Surveillance- Gedanken zur Mme Reding hirer Ausso iwwert den Ennerscheed tescht der Iwwerwaachung duerch d’NSA an duerch d’EU

  1. Dozou fellt mir folgend Zitat an, vläit e bëssi iwwerdriwwen, mä leider rem e Beispill vun deem wat s du am läschte Paragraf uschwätz:
    Als sie die ersten Kommunisten holten, habe ich geschwiegen; denn ich war kein Kommunist.
    Als sie die ersten Juden holten, habe ich geschwiegen; denn ich war kein Jude.
    Als sie die ersten Katholiken holten, habe ich geschwiegen; denn ich war kein Katholik.
    Als sie mich holten, war niemand mehr da, der seine Stimme hätte erheben können.
    ~Martin Niemöller

    • Et geet an di Richtung. D’Grenze sin emmer méi verwëscht, an erschreckenderweis sin et déi di domat grouss gi sin di e Problem domat hun, net déi di eigentlech nach selwer massiv Verletzungen vun der Privatsphär matkritt hun. ( Heribert Prantl, der Terrorist als Gesetzgeber kann ech nemmen recommandéieren)

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s