Le vieux renard

Fiiss gët et der méi an der Literatur. Deen, deen dem Kueb d’Drauwen, bzw de Kéis oofluchst (ooffuusst wuel éischter), de Fantastesche Mr. Fox, deen séng Famill rett, an trotzdem weider Hénger klaut, an eisen eegenen, de Reenert.

Dee muss wuel dem Fuuss un der Spëtzt vun der Regierung séng Lieblingsfigur sin. 

Gëschter, no séngen 2 Stonne Riedzäit haat ech de Respekt firun em verluer, weider 4 Stonnen dono, och deen firun der CSV Fraktioun.

Hei zéihen ech awer den Hutt firu séngem takteschen Geschéck, well daat huet e gëschter mat Bravour agesaat, a gewisen datt en net gewëllt as d’Ziggel aus der Hand ze gin.

Nodeem de Premier nach firun e puer Wochen versicht huet de Stuerm ze berouegen andeem e soot heen hätt di politesch Responsabilitéit un der Situatioun, sou wollt en Gëschter naischt méi dovunner wëssen. Hee wier nemme bessi dofir responsabel, di grouss Majoritéit vun der Responsabilitéit wier awer bei ganz villen aaneren ze sichen.

Den aale Fuuss huet säi schéinste wäissen Lammpelz ugedo a lass geluegt:

– Den Thorn wollt méi Iwwerwaachung wi ech, dofir sin ech dee gudden, oder zumindest dee beschten vun de Schlechten.

– Di Aaner hu just géint mech geschafft an der Enquêtekommissioun, ech war Veruerteelt ier et lassgoung.

– Ech hu sou vill gemaach an deem Geheimdéngscht, fir datt deen korrekt funktionnéiert.

– Wéi hätt ech sollen alles wëssen waat do  geschitt as, ech konnt daat jo net wessen, dofir kann ech och keng Responsabilitéit dofir hun.

– Ech hu mengen Administratiounen dach musse kënne Vertrauen!

D’Argumenter hun fir een deen de Rapport gelies haat net wierklech zesummegehaal. D’ Enquête gouf wuel à charge et à décharge geleed, an d’Majoritéitspartei huet visiblement gemaach waat se konnt fir de Rapport ze diskreditéieren.

Et huet een sech un d’USA bei der Créatioun vum Internationalen Stroofgeriichtshaff erennert gefillt. Mir schaffen dru mat, verlaangen Insertiounen, an trieden dann awer net bäi, a kennen eis wann et muss sin schéi wäit weg dovunner d’Hänn an Onschold wäschen.

Sou goung et och mat den CSV Memberen vun der Enquêtekommissioun. Engersaits waren se awer gäer dobäi, mee hun dun awer geschlossen géint de Rapport  gestemmt, an de Spriecher vun Hirer Partei haat jo dunn tatsächlech nach de Culot d’Kommissioun ze kritiséieren wéinst gefillten Versäumnisser, di hier CSV Memberen awer zu kengem Zaitpunkt zur Sprooch bruecht haaten.

Bref: et gouf während 3 Stonnen, an 20 Minutten (di Zäit di de Premier, säin Fousszaldot, an de potentiellen Rekrut geschwaat hun) alles gemaach fir dee Rapport un deem net just, wéi et sollt ausgesinn d’Oppositioun an de Koalitiounspartner bedeelegt waren, mee och di 5 CSV Deputéiert, ze diskreditéieren.

An dunn, wi d’Oppositioun, an de Koalitiounspartner dru waren fir hier Positiounen firzedroen,  goung et réicht lass. D’Regierung gelangweilt, d’CSV Fraktioun, entweder just onroueg, oder wéi d’haulend Meute Beaglen op der Fuussejuegt, wann eppes gesoot gouf waat sech géint de Premier geriicht gouf.

De Premier huet sech mam Geheimdéngscht befaasst, an och wann et net séng top Prioritéit war sou wosst en waat leeft, mee huet et net fir néideg gehaal déi di hätte missten a Kenntnis gesaat gin, ze informéieren.

De Premier huet de Nepotismus an d’Agreffer an d’Privatsphär guddgeheescht. Nepotismus oppen, d’Agreffer an d’Privatsphär ennerschwelleg: “Ech hu mech awer net a ménger Privatsphär verletzt gefillt” soot en zur Mille-Auer Geschicht. Ophuelen as also OK, an dofir keng Verletzung vun der Privatsphär. Daat huele mer also an Zukunft als valeur absolue un wann di nächst Antiterror Gesetzer kommen.

Woubäi mer rem bei deem sin wouriwwer ech rezent geschriwwen hun, der Anti-terror Excuse. 1. D’as alles net sou kloer, 2. Ech kann net driwwer schwetzen mee et war awer Antiterrorismus an Staatssëcherheet, dofir hannerfrot do net weider, a schléckt meng Dir-braucht-net-ze-färten-Papa-Juncker-wirds-schon-richten-Pëll.

A méngen Aan as d’Oflehnen vun der Responsabilitéit op Grond vun “net wessen waat geschitt” op d’allerhéchst alarméierend. Et geet nämlech géint de Prinzip vun der politescher Responsabilitéit. Déi schléit nämlech un soubaal ee Service net korrekt funktionnéiert. An deem Fall ze soen et hätt een et net gewosst kennt deem no waat oft firu Geriicht nach optaucht, d’ “Ech wosst awer net datt daat verbuede wier” Excuse. Am letztere Fall get et eng Présomption irréfragable di seet “nul n’est sensé ignorer la loi”; an aanere Wieder: och wanns de et net weess, seet d’Gesetz datts de et weess, an du kanns dech net rauswannen mat iergendenger Form vu Beweis. Fir mech muss daat selwecht fir schwéierwiegend Administratiounsdisfonctionnementer gellen. Mee den Premier denkt wuel net sou, dofir hält heen sech och net fir responsabel.

Nodeem en also séng Opferroll bis zum Schluss ausgespillt haat, an et lo och weider maache wäert, wou mer wessen datt en nei Gesiichter an der CSV wëll als Spëtzekandidat an d’Wahlen “begleeden” (fir mech  existéiert eng fundamental Kontradiktioun tescht den Termen Spëtzt an begleeden. Vu datt eng Spëtzt jo firgeet, bzw. leed), huet en awer iergendwann mussen een aanere Schachzuch maan.

Wi kloer war, datt all d’Motiounen d’Responsabilitéit vum Premier festgehaal hun, an no Konsequenzen gefroot hun, huet en misste vermeiden datt en d’Vertrauen mat engem Vote schwaarz op wäiss entzunn géif gin. En huet aus EEGENE Stécker séng Démissioun agereecht.

Et wäert wuel nach am Wahlkampf an an der Perceptioun vun de Wieler eng Roll spillen, datt en dem Stemmen vun de Motiounen zefir komm as. Sou as et net de Premier deem d’Vertrauen entzunn gouf, mee deen deen ennert extremem Drock vun der Oppositioun, an dem Verrot duerch de Koalitiounspartner den éierbaren politeschen Harakiri vollzunn huet. Oder éischter, an dësem Fall, ugedeit.

Well den aale Fuuss haat es nach laang net genuch, a séng Kleng stinn eeneg hannert em. De Wahlkampf get perséinlech, an et wäert vill Dreck opgewirbelt gin, géint di Verréider an der Chamber.

D’CSV wäert keen Wahlkampf am Sënn vun engem Neiuffank bedreiwen. Et wäert drop rauslaafen, datt se just d’Lieszeechen an hiert Buch leet, an do firufiert wou se gescht huet missten ophaalen.

De Neiuffank läit also ganz kloer lo an der Hand vun de Wieler.

Image

Merci un de P. fir d’Bild

Advertisements
This entry was posted in Uncategorized and tagged , , , , , . Bookmark the permalink.

3 Responses to Le vieux renard

  1. Nora says:

    thumbs up ! Thank you for this!

  2. Valérie LUEBKEN says:

    Dommage que tout soit en Luxembourgeois…Et les lecteurs étrangers alors??

    • Merci pour votre commentaire. Écrire en Luxembourgeois est pour mon blog un choix conscient, comme il vise une audience assez précise, les électeurs luxembourgeois. Mon twitter (@rainbowfizzbee) est majoritairement en anglais, permettant aux étrangers intéressés de suivre des bouts de pensée de ma part. Bien évidemment toucher toute l’audience potentielle présente au Luxembourg demanderait de moi que je rédige toute contribution en Luxembourgeois ( ce qui entraine, évidemment, des commentaires comme le vôtre), en Allemand ( ce qui me vaudrait les mêmes commentaires de la part des Francophones, et d’une partie des Luxembourgeois, qui me reprocheraient de ne pas écrire en Luxembourgeois), en Français ( ce qui évidemment serait apprécié par les Francophones, mais point par une partie des Luxembourgeois) ou encore en Anglais ( cependant cela m’éloignerait de l’audience visée). Ce blog n’est pas mon occupation principale, et il me manque le temps de traduire toute contribution en 4 langues. Rédiger en alternance excluerait toujours une partie différente du lectorat, ce qui personnellement me semblerait encore pire que garder la cohérence dans laquelle j’ai commencé.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s