Hej Hej!

1) De Stiermchen entschellegt sech formell fir di laang Rou. D’éischt koum d’Wunnéngssich, dunn den Uffank vun de Coursen an den Internet get réicht e Freideg installéiert. A wann ee 5 Minutten vun Doheem daathei huet, dann hoggt een och net den Internet op der Uni an der Fräizäit.

20130911-135631.jpg

2) D’Rou firum Stuerm deet awer ganz gudd, an ech beneiden keen deen zur Zait am Wahlkampf steet. Ech hoffen de Kaffi zu Letzebuerg as sou gudd an effektiv wi deen hei zu Stockholm an datt der all kee Schloof braucht, soss get daat ee schrecklech laange Mount.

3) Ech haat ierch meng Bréifwieler Experienzen versprach, an hei sin se: d’Wunnéngssich gouf definitiv beschleunegt doduerch, datt ech firum 20. September hu missten eng fest Adress hei hun, mee d’Haus waat lo kéint als Kuliss fir een internationalen Indiefilm iwwer Völkerverständegung déngen as schéin, läit gutt, a kascht och net d’Aan aus dem Kapp.
Groussen BRAVO fir d’Gemeng Ettelbréck datt hiren Bréifwahlformulaire kann um Computer ausgefëllt gin, et huet mer vill hantéieren mat sabblege Bic’en erspuert.
De schwéierste Schrett, bis lo, war et eng Bréifboite hei ze fannen. Se sinn entweder giel oder hellblo, stinn oft niewteneen, a wann een eng fënnt, onbedéngt eng Foto maan an GPS Koordinaten matschécken, well wa bis Schnéi läit a keng Sonn mi schéngt, da fannen ech guer keng méi.
Ech géif awer wesentlech léiwer an enger Ambassade wielen, wi all moies an der Bréifboite kucken ob méng Begrënnung ech géif am Ausland studéieren, an de bäigefügten Enrolment Certificate dem Collège des Bourgmestre et Échevins als Excuse duergeet fir mech den 20. Oktober net an d’Ettelbrécker Primärschoul ze beméien. Letzebuerg huet zwar hei weder e Konsulat nach eng Ambassade, mee wa mer schon eis Investitiounstraitéen emmer als Union Economique Belgo-Luxembourgeoise oofschléissen, kéinte mer och eng Belsch Ambassade als Wahlbureau notzen. Mee do steet wuel Souverainetéit am Wee.
D’Bréifwahl Demande as op allefall fortgeschéckt, an iergendwann sollt ech da wuel bescheedkréien.

20130911-142254.jpg

Um ganze System stéiert mech awer datt den Délai fir Bescheedzekréien ob d’Demande ugeholl as oder net leeft bis relativ knapp firun de Wahlen, an datt een, theoretesch, wann se oofgewise get, entweder sénger Wahlpflicht net no kennt, oder awer muss, wann een sech an sou enger Situatioun befennt wi ménger, beachtlech Onkäschten agoen ‘just’ fir bessen Bläisteftgekroozels.

Vu datt ech lo hei an de Coursen gesinn wéi eng Diskussioun mat verschiddenen Erfahrungsberichter soll ausgesinn, wier et ganz flott wann dir, léif Lieser, géift äer Bréifwahlerfahrungen, Kritiken a Verbesserungsfirschléi géift deelen.

Tack så mycket!

An hei nach bessen Stockholm well der sou laang huet misste waarden:

20130911-143400.jpg

20130911-143431.jpg

20130911-143608.jpg

Advertisements
This entry was posted in Gruß an die Heimat and tagged , . Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s