How to convince

Mai Bréifwielerpackage as ukomm, ech hu brav meng Wahlprogrammer gelies, a lo waarden ech just nach drop mai Smartvote Questionnaire auszefellen fir ménger demokratescher Pflicht nozekommen.

Wahlkampfevent technesch sin ech awer hannendran a kréie generell nemmen d’Halschend mat.

Mee daat waat ech bis lo héieren a gesin hun get mer d’Gefill ech géif net allzevill verpassen, well ausser vill Blamegame a Parteizaldot spillen, kennt den eigentlechen, fondéierten Débat iwwer Inhalter ze kuerz.
Ma dobäi wier et eigentlech sou einfach fir ee propperen, interessante Wahlkampf ouni pénibelt Gestëppels ze gestalten. Folgend Punkten huelen hiren Ursprong a menger Préparatioun fir Plaidoirieconcoursen, a generell aus dem Juristemilieu, wou Sproochgebrauch, Rethorik, an Iwwerzeegungskraaft deeglecht Brout sin, grad wéi och an der Politk.

Hei also meng Approche zur Fro: wéi Iwwerzeegen ech am Débat?
1. firbereeden, firbereeden, firbereeden.
Dir kritt d’Iddi, naischt as schlemmer wi onfirbereed an een Débat ze goen. Wann d’Thema gin as, an och wa nemmen d’allgemeng Richtung vun der Diskussioun gin as, da MUSS ee firdrun net just di eegen Positioun blann kennen ( well naischt as schlemmer wi vum “Géigner” op eegen Inkonsistenzen higewise gin), mee och déi vum Géigner. An et muss een net just séng aktuell Positioun kennen, mee och di firdrun. An et muss een di Aussoen ennermauere kennen. En Débat as keng Plauschronn, mee d’as ee Ring, aus deem ee sollt als Gewenner rausgoen, deen séng Positioun am iwwerzeegendsten riwwerbruecht huet, an dobäi dem Spektateur/Nolauschterer d’Inkonsistenz vum Géigner um selwerne Plateau dohigetässelt huet. ( Beispill vu schlechter Firbereedung am Geschriwwenen: d’CSJ wiedert géint Staater blo-gréng Koalitioun wéinst Belloo Hondskack Tuuten, di net ökologesch sin, vergesst awer datt genee di selwecht Tuuten an CSV Gemengen, wi beispillsweis zu Ettelbréck, gebraucht gin. Also: Panzerglas an d’Glashaus ier ee mat Steng werfe geet)

2. Nolauschteren!!!!!!!!!
Wee gudd firbereed as, geet an en Débat, a well séng Positioun dohintässelen. Daat as di falsch Astellung, et sief d’wier een den éischte Spriecher (dann as Präparatioun a Kohärenz daat allerwichtegst) . Fir ze vermeiden waat geschitt as an der Marathonsessioun vun der Chamber ( dir wesst wéieng), muss een nolauschteren. Nolauschteren an Notizen huelen. Waat seet de Géigner, a woufir as séng Ausso wäertlos? Genau nolauschteren erlaabt et dem Géigner séng Positioun dono ze zerlächeren, am beschten och an der Reihenfolge vun deemséngen Argumenter ( weinst dem ominéise selwerne Plateau)

3. Struktur!!!!
Wann ee bis um schwätzen as, kann ee net queesch duerch de Geméisgaard, an 3 Schachtelsätz an 12 Iddien aus der Bitzkescht zielen. Ee Saaz, eng Iddi, een Argument, an am Optimalfall baut een op deen aaneren op. Et schwätzt ee fir ze iwwerzeegen. Geschwätz ouni Struktur as just ee Redeschwall deen ustrengend as fir nozelauschteren, an doduerch den Receveur vun der Informatioun zum oofschalten alued. Wann ech als Receveur eng Introductioun kréien an doduerch weess :souvill Argumenter kommen lo; da lauschteren ech och no well et mer erlaabt eng mental Checklescht ze féieren. Fir d’eenzel Argumenter muss och well am Uffank kloer sin wou een hiwell.
Ech kruut an der Mootpréparatioun d’IRAC Methode nogeluegt: Issue-Rule-Application-Conclusion. Se as mi einfach wi vill aaner Rethorikinstrumenter, mee bestemmt net manner effektiv.
Bei der IRAC Methode soen ech d’éischt waat de Problem as. Ex: De Géigner seet x. daat as awer inkonsistent mat der Positioun vun Datum Y/ dem Stemmverhaalen bei Oofstemmung Z.
Den 2. Punkt as ‘statement of the rule’, waat am Droit Senn mecht, mee an der Politik eventuell manner. Hei kann een zum Beispill di vum Géigner firgeschlo Mesure zitéieren.
Dono kennt Applikatioun: Wann ech dem Géigner séng Ausso huelen, an de Problem no der vun him proposéierter Methode léisen, da kennt dest raus.
An zum Schluss d’Conclusioun: an hei verpéckt een dem Receveur di eegen Positioun fein propper mat engem Putsch drop, andeem een di préalabel Conclusioun, déi een well an der ‘Annonce de Plan’ ugekennegt huet, widderhellt. Sou ass se ennermauert duerch ee kloert Raisonnement waat dem Receveur d’Aarbecht oofhellt. ( wi meng Proff soot haut am cours: It’s the writer/ speaker who has to do 90% of the work. Not the reader/audience.)

Wann een d’IRAC Methode domm fennt, da sollt een sech awer wéinstens un d’4Cs of the convincing argument haalen:
when is my argument convincing? – when it is concise, coherent, clear and correct.

Correct an desem Fall spillt un op de Punkt re: Firbereedung. Et kann ee keng Tatsaachen erfannen. Concise as kuerz a bündeg, ouni schnörkelen. Et kennt een op de Punkt. Coherent heescht et bleiwt een a séngem Raisonnement. Et seet een net op enger Plaaz eppes, wann een an engem aanere Punkt de Contraire gesoot huet. Clear as d’Iddi un de Mann/d’Fra bréngen. Waat notzt mer daat beschtent Argument wann ech 5 Gedankespréng gemaach hun, di ech awer net erklärt hun, an et doduerch net beim Intended recipient ukomm as. Wann ech e Bréif verschécken da schreiwen ech jo och net just de Spetznumm an d’Land drop wann ech well datt den Destinataire mer eng Äntwert schéckt. D’selwecht as et mam Argument: all Gedankeschrett muss novollzéibar sin, soss dauert et méi laang wi bis den 20. Oktober bis den Destinataire d’Argument verstaanen huet, an sech dovun iwwerzeege geloss huet.

4. Presentation Skills
– an der visueller Präsentatioun:
As et een öffentlechen Débat, oder een dee gefilmt get, da muss een op puer Saachen oppassen ( Verschiddenes aus desem Punkt as awer genausou valabel um Radio, just datt een et do net gesäit)
Souwuel am stoen, wi och am setzen huet ee béid Féiss um Buedem, an danzt net rondrem. Schliesslech soll de Wieler engem jo vertrauen, an daat geet am beschten wann een Rou ausstrahlt. Daat mecht een am einfachsten wann een d’Beweegungen op ee Minimum reduzéiert. Kee wëllt Gestikuléieren oder vun engem Fouss op deen aaneren danzen. Et vermettelt een doduerch nämlech naischt weider wi Hektik an Inkohärenz.
Genausou däerf een awer och net passiv, zesummegesonk um Stull hänken. Als Politiker muss ee schliesslech vermettelen datt ee well mat upaaken, an net just lethargesch am Eck sëtzen. D’setzt een sech also fir op de Stull, Réck riicht, béid Féiss um Buedem, Hänn um Desch ( et huet ee jo naischt ze verstoppen, an: Grousse Firdeel wann ee nervös as, et gesait een d’Hänn net zidderen) a signaliséiert Offenheet. Et bleiwt ee roueg, a sachlech, spillt net mat Stefter, a verdréint och net d’Aan wann de Géigner Brach verzielt. Dorop weist een nämlech an der eegener Argumentatioun wesentlech méi würdevoll hin. Aanverdréinen war net mol beim Lena Meyer-Landrut gudd ukomm.
Note zu den Hänn: selbstverständlech däerf een se benotzen, mee net duerchgehend, an op kee Fall hektesch. Et kann een “engersäits, aanerersäits” undeiten, et kann een eng Emphase maan, awer net stänneg wedelen. Et lenkt vum Inhalt oof.
Villes vun deem dréit och well dozou bäi datt ee mi roueg schwätzt, mee et kommen fir d’schwätzen nach puer Saache bäi.

– am Schwätzen
Keen ‘ehm’, ‘äh’ a Konsorten. Wann ee net weess wéi weider, dann hellt een eng Schlupp Waasser. Ouni Hektik, an d’notzt een di 3 Sekonnen fir de nächste Saaz ze formuléieren. Domat dréit een net nach selwer zur eegener Nervositéit bäi well een zwar Téin vu sech get mee fir d’frecken net weess wi ee weider soll fueren.

Kee Redeschwall. Wann d’Sätz kuerz bleiwen, kennt een net an Ootemnout an et verléiert een sech firunallem net an engem Schachtelsaaz deen een dann ouni Schluss am Naischt verschwanne léisst wi wann een sech fir di eege Stemm géif schummen an am léiwsten géif ennert dem Dësch verschwannen. Nervositéit dréit genau dozou bäi, an dofir muss een di Rou di een ausstrahlt och op sech selwer wierke lossen. Jidfereen muss dofir séng eege Methode fannen, mee zur Illustratioun: bei mir war et d’assuméieren zu engem gewesse Grad vun enger Roll: soubal ech an de Plaidoirieraum gaange din, war ech net mi ech d’Maika waat net secher as op séng Recherche déif genuch goung, mee d’Maika waat weess wouvun et schwätzt a séng Gedanken ( the speeding brain souzesoen) enner Kontroll huet.

Intonatioun! D’Moduléiere vun der Stemm kann een Argument zur Bomm oder zum Sandschlass am Donnerwieder maan. Staark uffänken a schwaach ophaalen as ee no go. Wann dann hält een d’neutral, mee lieweg, a geet just fir wichteg Punkten an d’Luucht fir d’Emphase ze maan. E Politiker as energesch, a kann dofir net, wi uewendriwwer beschriwwen, d’Stemm schei zréckzéihen um Enn vum Argument. et jäizt een net, souert och net, mee hält d’Stemm staark a gestäipt. D’Zwerchfell ad keng Deko.

Natierlech si vill vun deene Punkten absolut Nobrainer, mee wann ee kuckt waat zum Deel bei Face à Face/ table ronde/ débat rauskennt, wou mat Momenter just gesteppelt get, sou as awer ee Reminder noutwendeg.

Ween ee wierklech gudd Beispill vu Géigner ‘schredderen’ well gesinn, deem kann ech nemmen dem Julia Gillard säi “Sexism Speech” recommandéieren ( ze fannen um Youtube a voller Längt), waat fir mech a Saachen Argumentatioun d’Referenzdokument schlechthin as.

Mat fraschtege Gréiss aus dem Héie Norden,

d’Auteure

Advertisements
This entry was posted in Gruß an die Heimat and tagged , . Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s