D’Land as gespléckt? Now that’s news…

Rezent Blogposts, Gambia jo/nee Facebookgruppen, polemesch Commentairen,… weisen datt net jidfereen op der selwechter Sait setzt nom, Wahlresultat an no der Ukennegung vun 3er Koalitiounsverhandlung.
Ma daat as awer naischt neies, lo haard ze jaizen ‘d’Land as gespléckt’ ignoréiert d’Évènementer vun de leschte Wochen a Méint.
Datt d’Land gespléckt as wosste mer nämlech spéitstens sait dem leschte Vertrauensvote. Do schon war kloer datt eng Säit vun der Bevölkerung dem Éiwege Premier géif op engem Floss an de Stuerm nofolgen, egal wéi gravéierend di vun him verschwiegen Mëssstänn an egal wéi onwürdeg d’Behuelen vu senge Parteikollegen. Do war och well kloer datt eng aaner Front sech gebild huet di es domatter genuch haat, an déi war du schon parteiiwwergraifend.
Du schon as gesoot gin: di welle jo just un d’Muecht an d’as ee Coup vun der Oppositioun. Daat war do an as lo nachemmer Quatsch; Politik as kee rengen Idealismus an d’soll kee mir zielen den Éiwege Premier géif nemme wëllen dem Land déngen (Firunallem wa séng Partei ‘Regierungsusprech’ erhiewt). Muecht well jidfereen, an d’as kee lèse majesté wann eng Partei vun der Muecht écartéiert get, och wann se di meesche Setzer verzeechne kann (Consorts Wolter an Zeimet hun daat jo och well um Kierwholz, wéi daat di lescht Deeg breetgetreppelt gouf.). Wee gewielt as huet keen Dauerusproch op ee Sëtz.
Datt lo d’öffentlech Meenung explodéiert weist just datt lo och di läscht erwächt sin. Mee wéi emmer huet net jidfereen sech informéiert.

Mir sin a enger Demokratie, these things happen. A waat jidfereen daat éischter verstaanen huet, waat besser fir d’Land.

Advertisements
This entry was posted in quo vadis, Lëtzebuerg and tagged , , , . Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s